Skip to main content

NOVUS-Familiendaag

um Roost

16 juin 2024

Gëschter war en onvergiesslechen Dag fir d'Novus-Famill! Mir hunn eis als Famill, als Kolleegen a virun allem als staarkt Team zesummefonnt, fir eisen éischten Familiendaag ze feieren. Et war en Dag voller Freed an Spass.

Stolz konnte mir och zwee Mataarbëchter éieren: Den DE SOUSA MENDES Carlos Manuel an den ANTUNES DA CRUZ João Filipe. Si sinn allenzwee fir hir 20 Joer Déngscht bei Novus ausgezeechent ginn. Hirt Engagement, hir Léift zum Beruff an hirem onermiddlechen Asaz fir Novus si bemierkenswäert a soll fir jiddereen eng Inspiratioun sin.

Den Dag huet gewisen, wéi wichteg et ass, sech Zäit fir d'Famill a Frënn ze huelen an zesummen déi kleng a grouss Momenter ze feieren. Mir sinn stolz op all eenzelnen vun eiser Novus-Famill.

Mir soen allen, déi dësen Dag méiglech gemaach hunn, e grousse Merci. Op nach vill gemeinsam Joer voller Erfolleg, Frëndschaft a Gemeinschaftsgefill!